Hommage fir den Emile Hemmen

| News

Den Emile Hemmen, en aussergewéinleche Mënsch, e weeweisende Pedagog, e markanten Auteur, e Poet an Intellektuellen, e Konscht- a Mënschefrënn huet eis fir ëmmer verlooss.

Et war net nëmmen de Lyriker, de Schrëftsteller, deen beandrockt huet. Den Emile Hemmen war vill méi ee Mënsch, den eng ganz Panoplie vun Eegenschaften vereent huet.  Hien war vun deem Geescht gepräägt, deen een haut géing mat Nohalteg- a Ganzheetlechkeet ëmschreiwen .

Déi Prämissen hu sech a sengem ganzen literareschen a poeteschen Schaffen fonnt, si hunn et bestëmmt.

Den Emile Hemmen huet een Roman, etlech Kuerzgeschichten, Erzielungen an bedeitend Lyrikzyklen geschriwwen. Hien huet sech mam Mënsch, mat der Condition humaine, mat humanistesche Wäerter, mat Léift a Verzweiwlung auserneegesat.

Den Emile Hemmen huet vir téitscht op Lëtzebuergesch dunn op Däitsch, spéider op Franséisch, wat seng Lyrik-Sproch sollt ginn, geschriwwen.

Hien war een Spueresammler, deen hannerfrot huet, sech a séin Ëmfeld erageduet huet, deen d’Elementer, deen de Mënsch an hirem Wiesen erfaassen wollt.

Sai Wierk ass eng Synthees zwëschen Kommen a Goen, zwëschen Dag an Nuet, zwëschen Hell an Däischter, zwëschen dem Liewen an dem Doud.

Hien huet och eng Unzuel  Könschtlerbicher mat Artisten, Graveuren a Musiker realiséiert – esou mam François Schortgen, mam Emile Kirscht, mam Roger Bertemes, mam  Henri Kraus, mam Raymond Weiland, Nico Thurm, Marc Frising, mam Georges Le Bayon a schließlich mam Pianist Romain Nosbaum.

Niewwend der ëmfaassender Anthologie „Emile Hemmen – Poète“

sinn och verschiddener vun dëse Könschtlerbicher bei den Editions mediArt erauskomm. (Cf Rubrik Editions)